201609.29
0

KËNNEGUNG WÉINST FAUTE GRAVE

D’Kënnegung ka villerlee Formen unhuelen, dorënner d’Kënnegung wéinst Faute oder, méi präzis, d’Kënnegung wéinst perséinlechen Handlunge vum Salarié. Dës Kënnegung ënnersträicht dem Patron seng Disziplinargewalt iwwer d’individuellt Behuele vum Salarié. An esou engem Fall muss de Patron drop uechten, datt hie sengem Salarié säi Feeler jee no Gravitéit suergfälteg beuerteelt, well vun dëser Beuerteelung hänkt d’Kënnegung, déi erfollege soll, of: ouni Préavis oder mat Préavis.

Et geet effektiv drëm, dat wat eng Faute grave ausmécht ze ënnerscheede vun deem wat en einfache Feeler ausmécht.

Wat bezeechent een als eng Faute grave?

Dem Artikel L.124-10 vum Code du Travail no gëllt als Motif grave, deen eng direkt Kënnegung rechtfäerdegt, all Feeler, deen d’Oprechterhale vum Aarbechtsverhältnis gaangs an endgülteg onméiglech mécht.

Bei der Appreciatioun vun de Faiten oder de Feeler, déi sech aus dem Salarié sengem beruffleche Behuelen erginn, mussen d’Riichter dem Salarié säi Bildungsgrad, säi beruffleche Werdegang, seng sozial Situatioun an allgemeng sämtlech Elementer berücksichtegen, déi en Afloss op seng Responsabilitéit kënnen hunn. Weiderhi mussen se d’Konsequenze vun der Kënnegung berücksichtegen.

Et ass alleng d’Saach vun de Riichter fir gegebenefalls ze appréciéieren, ob deen als Faute grave geltend gemaachte Fait eng Kënnegung ouni Préavis rechtfäerdegt (L’Actualité du Droit du Travail au Luxembourg, Band 1, 2015, S. 261, Me GIABBANI).

Dozou gehéieren zum Beispill d’Beleidegung vum Patron (L’ADTLu, virgenannt, S. 19), e längert an net justifiéiert Feelen, widderhuelt Verspéidungen, d’Ausübe vu Strofdoten, virop den Hausdéifstall, Drohungen a kierperlech Gewalt op der Aarbechtsplaz, Insubordinatioun, onfairt Konkurrenzverhalen op der Aarbechtsplaz asw.

Et ass ze bemierken, dass een eenzelne Fait schlëmm genuch ka si fir eng Kënnegung ouni Préavis ze rechtfäerdegen.

Wat sinn d’Besonneschheete vun der Kënnegung ouni Préavis?

D’Kënnegung ouni Préavis ass esouwuel am Kader vun engem Zäitvertrag wéi och am Kader vun engem festen Aarbechtskontrakt méiglech.

Ofgesi vun der Méiglechkeet, säi Salarié ouni Préavis ze suspendéieren, ass als weider Partikularitéit ze bemierken, datt de Patron eng Kënnegung net dierf mat Faite begrënnen, vun deenen hie méi wéi ee Mount virdru Kenntnis krut, wéi am Artikel L.124-10 vum Code du Travail virgesinn.

Dësen Delai vun engem Mount leeft ab deem Dag, un deem de Patron Kenntnis vun de Faite krut, déi eng Kënnegung no sech zéie kënnen.

Wann deen Delai vun engem Mount ofgelaf ass, gëtt dervun ausgaang, datt de Patron sengem Salarié am Kader vun engem “Pardon social” verzien huet an datt d’Aarbechtsverhältnis  deemno bestoe bleiwe kann.

Dësen Delai vun engem Mount kann ënnerbrach ginn, nämlech am Fall vun enger gerechtfäerdegter Absence vum Salarié oder am Fall wou bannent deem betreffende Mount eng Strofverfollegung géint de Salarié ageleet gëtt (zum Beispill wéinst Déifstall).

Schliisslech kann d’Kënnegung ouni Préavis och während dem Préavis vun der Kënnegung mat Préavis erfollegen.

Wéi muss de Bréif vun der Kënnegung ouni Préavis verfaasst ginn?

D’Partikularitéit vum Kënnegungsschreiwen ouni Préavis besteet dodran, datt et vu vir eran d’Kënnegungsgrënn beinhalt ouni datt de Salarié no deene brauch ze froen.

D’Kënnegungsgrënn musse mat der Fäegkeet oder dem Behuele vum Salarié zesummenhänken a si musse reell a seriö sinn. Den Enoncé vun dësem oder dëse Fait(en) oder vun dësem besonnesch grave Feeler vum Salarié muss präzis genuch si fir net nëmmen de Riichter ze erlaben, ze iwwerpréiwen ob déi viru Geriicht debattéiert Faiten deene vum Patron als Begrënnung vun der Kënnegung geltend gemaachte Faiten entspriechen, mä fir och dem Salarié ze erlaben, déi Faiten, déi him virgeworf ginn, zouzeginn, dës ze identifizéieren, Positioun derzou ze huelen a gegebenefalls de Beweis derfir ze erbréngen, datt se falsch sinn (L’Actualité du Droit du Travail au Luxembourg, Band 1, 2015, S. 234, Me GIABBANI).

D’Riichter huelen an dësem Zesummenhang eng verdéifte Prüfung vir. Iwweregens mécht dës Fro de Groussdeel vun de Streitegkeete virun de Geriichter aus.

D’Geriichter iwwerpréiwe fir all eenzele Reproche getrennt ob déi fir d’Kënnegung geltend gemaachte Grënn präzis a reell sinn, während d’Seriositéit an d’Legitimitéit vun der Kënnegung entweder op der Grondlag vun engem eenzegen an isoléierte Fait, deen awer duergeet fir se ze rechtfäerdegen, oder awer par rapport zu méi Faiten, déi als ee Ganzt geholl ginn, iwwerpréift an analyséiert ginn (L’Actualité du Droit du Travail au Luxembourg, Band 1, 2015, S. 11, Me GIABBANI).